Wëllkomm op eiser Homepage!



Fir d’Fusioun vun den Harmonien Déifferdeng, Uewerkuer a Lasauvage am Ufank vum Joer 2012 ze feieren, hu mir eis decidéiert dem Site "www.hmdifferdange.lu"
 fir dësen Ulass e neit Gesiicht ze ginn. Deen neien Design, dee vun eisem Klarinettist Michel Pereira mat vill Schweess op d’Bee gestallt gouf, soll den Opbroch verkierperen, deen dës Fusioun fir eise Veräin duerstellt. Jonk an dynamesch spigelt de Site d’Stëmmung am Veräin erëm a weist mat wéivill Aarbecht a Freed jonk a manner jonk Musikanten a Musikantinnen, wéi och de Comité an all déi Leit, déi eis ënnerstëtzen, matwierken.
 

Am Virdergrond steet natierlech d'Musek. Si soll, an de Wierder vun deem neie Präsident Roland Kayser “Brécke schloen” zu ville wichtege Beräicher vum Liewen. Et solle Brécke geschloe ginn zur Molerei, zur Literatur, zum Gesang an zum Film, also zur Kultur am allgemengen. Mee am wichtegsten ass, datt d’Musek Brécke schléit zu de Mënschen, net nëmmen an der Staat Déifferdeng, mee wäit iwwert hir Grenzen eraus. Esou zum Beispill zu anere Museken, wéi een dat scho bei Manifestatioune wéi dem Live am Park, deen och dëst Joer erëm am Park Gerlache wäert stattfannen, konnt gesinn. Mee och zu anere Länner a Kulture solle Brécke geschloe ginn, wat ënner anerem mat Reesen an Italien a Portugal vun der HMD an der HPG och a leschter Vergaangenheet de Fall scho war. A genausou wëlle mir weider fueren. De Leit vun alle Generatiounen an allen Ecke vun der Gemeng a vum Land eis Musek méi no bréngen an hinnen eng Freed domadder maachen. An deem Sënn wënscht d'Harmonie Municipale de la Ville de Differdange hire Frënn a Fans an och sech selwer e produktiivt an interessant Joer 2012.

 

De Comité

Recherche

Devenir membre

Si vous jouez d'un instrument à vent ou à percussion, rejoignez l'Harmonie Municipale Differdange ou l'Harmonie des jeunes Prince Guillaume. Vous trouvez les horaires des répétitions ci-dessous.

Si vous ne jouez pas encore d'un instrument, inscrivez-vous à l'école de musique de la ville de Differdange. Pour plus d'informations, cliquez ici.

Si vous avez des questions, n'hésitez pas à nous contacter en cliquant ici.

Horaires des répétitions

Harmonie Prince Guillaume:

Vendredi de 18h45 à 19h45

Harmonie Municipale Differdange:

Vendredi de 20h00 à 22h00

Flyer HPG

flyer_hpg

Réseaux sociaux

fbtwitter

Visiteurs depuis 17/02/2009

Total Aujourd'hui2
Total Mois90
Total6928

Trait d'Union N°68

Vente livre & DVD

buch_dvd

A côté d’une rétrospective, retraçant la panoplie de projets très diversifiés pour célébrer dignement cet anniversaire, le livre officiel du 125ième anniversaire de l’Harmonie Municipale Differdange présente sur 196 pages l’extraordinaire aventure de cette société et de ses membres, depuis ses origines jusqu’à nos jours.

Dans le cadre du 125ième anniversaire de l’HMD a eu lieu un rendez-vous musical d’envergure: le « SHOW MUSIC 2010 ». Ce spectacle regroupant plus de 200 artistes a été enregistré sur DVD.

Le livre et le DVD peuvent être commandés par e-mail à l’adresse: Cet adresse mail est protégé contre les spambots. Vous avez d'activer le javascript pour la visualiser. à un prix de 45 € (dont 5 € pour le port) pour le livre et 20 € (dont 5 € pour le port) pour le DVD.

Inscription Newsletter

Nom:
Email:

Agenda

                                                                                                 

Slideshow