Moien Martine, du bass eis eischt Interviewskandidatin, kanns du dech e bessen virstellen fir dei Leit dei eis liesen?
Salut, Majo ech sinn d'Martine, kréie geschwënn meng 20 Joër a si säit ongeféier 12 Joër an der Musik. Am Moment studéieren ech Psychologie zu Heidelberg op der Uni. Ausser fir d'Musik begeeschteren ech mech fir Konscht an ech molen natierlech och selwer. En plus liesen ech zimlech gären, och wann ech net vill Zäit dofir kréien.
Wei bass du dozou komm fir Musék ze spillen? An firwaat grad Flütt?
Ech hu viru 14 Joër ugefaang Flütt ze spillen an dat zu Déifferdeng an der Musikschoul. Et stung schon als klengt Kand fir mech fest, datt ech wéillt Musik man. Op engem Besuch vu Famill am Sauerland an Däitschland hunn ech mech dunn décidéiert Flütt ze léieren. D'Rita, eng kleng Cousine vu menger Boma huet do réischt als eeler Fra Flütt geléiert an huet ëmmer gesot et geng hir Leed doën datt si net éischter ugefangen huet. Dohier wollt ech da Flütt léieren. Déizäit hunn ech niewend der Musik och geturnt, fir d'éischt Konschtturnen an duerno GRS. Domadder hunn ech dann irgendwann opgehal well et einfach zevill ginn ass mat der Zäit.
Du bass och Member am Comité vun der HMD/HPG, enner aanerem Responsabel vun deenen Jonken an neierdengs Archivistin. Waat ass genau deng Tâche als Responsabel vun der Jugend an als Archivistin?
D'Aarbescht als Archivistin ass amfong zimlech einfach mee leider ganz opwendeg. Et geet drëms déi Stécker déi mer elo zënter Joëren a Joëren do stoën hunn geraumt an gepflegt ze halen. Déi nei Stécker mussen an d'Archive intégréiert ginn an déi, déi mier grad wëllen spillen mussen prett sin fir ausgedeelt ze gin.
Als Vertriederin vun der Jugend ass meng Aufgab d'Interessen vun deene Jonken am Comité ze vertrieden. Oft ginn Aspekter vergiëss beim Festleeën vum Programm oder beim Verdeelen vun Aarbescht wou wichteg fir déi Jonk sin. Meng Spézialitéit ass et, déi aner am Comité drun ze erënneren datt déi Jonk Prüfungen hunn an dann manner Zäit hunn, wat leider oft vergiëss gëtt.
Du wuars och viru kuerzem mat der Harmonie Prince Guillaume an Portugal. Kanns du eis e bessen vun der Rees erzielen? Wat huet déi Rees dir bruet?
Also déi Rees huet mir perséinlech immens vill bruet. Eischtens war et verglach mat all mengen aneren Orchesterreesen eng Luxuswakanz. Vill Zäit sech alles unzekuken an privat e bësse Rou ze hunn, vill Sonn a super flott Hotelen. Zweetens war et fir mech immens wichteg eng Kultur besser kennen ze léieren déi a mengem Alldag eng grouss Roll spillt. Vill vu menge Frënn hu Famill a Portugal an et huet mer immens gehollef verschidden Aspekter vun hirem Behuelen besser ze verstoën an et huet mer Spaass gemaach och déi Sprooch e bëssen ze léieren. Déi zwou Stied Porto a Chaves waren immens schéin an hu vill méi modern gewierkt, wéi ech mer dat virgestallt hat.
Du bass och schon mei laang an der Déifferdenger Musék, an du hues schon bestemmt vill schein Momenter erliewt, mee waat fir e Moment huet dech am meeschten geprägt?
Ech geng soën datt et super vill Momenter ginn, déi mech verännert hunn an zu deem Mënsch gemeet hunn deen ech sinn, mee wann ech muss een eraus siche geng ech soën datt dat de Concert du Nouvel An 2005 war. Ech war zimlech an de Mich verléift an zu där Zäit si mier zesumme komm.
Fir ofzeschléissen, wells du den Leit dei eis liesen nach eppes mat op den Wee ginn?
Yes, also och wann ech oft frustréiert sinn mat menger Aarbescht an der Musik an ech oft d'Gefill hunn datt mer alles zevill gëtt, versichen ech ëmmer drunn ze denken datt et ëm d'Musik an ëm d'Frënn geet an datt een dat net dierf vergiëssen.
