Moien Clayton, nom Martine an nom Elisa, bass du eisen eischten männlechen Interviewskandidat, kanns du dech e bessen virstellen fir dei Leit dei eis liesen?
Moien, ech sin den Clayton, hun 13 Joër an wärd den 12. Februar meng 14 kreien. Musékk ass mein zweet Liewen an mein eenzegen Hobby. Virun e puer Joër wuar ech och an engem Schwammverain mee mat der Schoul wuar alles zevill ginn. Ech sin de Moment am Lycée Technique de Lallange (LTL) an der Schoul an sin op enger 8ième TE.
Kanns du den Leit zielen weis de dozou komm bass Musék ze spillen?
Also mein Brudder deen huet wei en mei kleng wuar och mat der Musék ugefaangen an dun wei ech an d’Spillschoul komm sin sin, krut ech en Ziedel fir mech an der Musékschoul anzeschreiwen. Well mein Bruder mech mat der Musék sou facineiert huet sin ech dun och direkt an d’Musékschoul gaangen.
Den Terme Percussioun ass jo zimlech vague. Dorenner fennt ee Pauken, Xylophone, asw. Waat fir een Percussiounsinstrument ass dain lieblings, an firwaat grad daat?
Mein lieblings Instrument an der Percussion ass den Xylophone. Hun Piano immens gaeren mee leider muss een do dauernd op sengem Heneschten setzen bleiwen, an et huet een keng Meigkechkeet fir an enger Stadtsharmonie mat ze spillen, dofir hun ech mech dun fir d’Percussion interesseiert. Do kann ech Xylophone spilln an daat ass ongefeier wei Piano eben just mat Bengelen an nach aaner Ännerungen ... Kleng-Trom gefällt mir och ganz gudd well en do op engem Cortège emmer ganz fir ass, an well een sou flott Saachen drop spille kann.
Waat gefällt dier am beschten an der Harmonie Prince Guillaume?
Un der Harmonie Prince Guillaume gefaalen mir e puer Saachen. Wei dir et schons mat kritt hutt sin mir dei lescht Saison a PORTUGAL geflunn an ech kan nemmen soen et wuar mega. Op puer Emstellungen mam Iessen an mam Gedrenks huet et mir awer ganz gutt gefall. Mir hun dohannen all zesummengehaalen an mir hun all an der HPG eng mega Motivatioun. D’Stecker hun mir bis elo all ganz gudd gefall an ech freen mech op eis gemeinsamt Joër 2011.
Du bass jo schon e puer Joër an der Musék. Gett et e Steck waats de gespillt hues waat dier ganz gudd gefall huet?
Also mir hun 2 Stecker am beschten Gefall, daat eischt wuar “The little drumer boy” et hurt mier vill Spaas gemaach et ze üben an well ech do main eischten Solo op der klenger Trom gespillt hun. Daat zweet Steck wuar den Michael Jackson Medley. Daat huet mier ganz gudd gefall well ech do en Deel um Xylophone hun missten spillen an en plus wuar et main lieblings Lidd vum Michael Jackson.
An fir oofzeschléissen, kanns du de Leit dei eis liesen nach eppes mat op den Wee gin?
D’Musék huet mech definitif mei haart gemaach well et Zeiten gouffen wou en huet missten üben, üben an nach eng Keier üben. Bei engem Hooby wei d’Musék kann een nemmen soen “ÜBUNG MACHT DEN MEISTER”, dofir kann ech elo soen dass den Hobby wou ech virun 5 Joër gewielt hun ass deen deen mier Spaas mescht. Merci fir d’Liesen.
Cliquez ici pour lire d'autres interviews
