Interview Gilles MAGALHÃES


Moie Gilles, du bass elo schon eisen 4. Interviewskandidat. Kanns du dech e bësse virstellen fir déi Leit, déi eis liesen?
 

Moien, ech sinn de Gilles an ech hunn 12 Joer. Nieft dem Programméieren ass d’Musek mäin zweeten Hobby. Ech sinn am Lycée Aline Mayrisch, wou ech fir de Moment op enger 7e TE sinn.
 

Wéi bass de dozou komm Musek ze spillen, a firwat grad Trompett?
 

Ma uséch wollt ech iergendeppes maachen a menger Fräizäit, wou ech nach am drëtte Schouljoer war an deemols war ech nach net esou begeeschtert vun de Computeren wéi elo, well ech och kee gudde Computer hat. Dunn hunn ech ugefaange Sport ze maachen, wat mer awer net esou richteg gefall huet. Iergendwann hunn ech dunn en Ziedel vun der déifferdenger Museksschoul kritt, an du sinn ech einfach emol kucke gaangen. Ee Kolleg vu mer huet mech fir d’Trompett begeeschtert kritt, an doropshinn hunn ech einfach ugefaangen dat Instrument ze spillen.
 

Wat gefällt dir am Beschten an der Harmonie Prince Guillaume?
 

Mir gefalen d’Leit, déi do spillen am Beschten, well se all fein a cool sinn.
 

Wéi hues du de “Concert du Nouvel An” fonnt? Huet dir de Programm, dee mir gespillt hunn, gefall?
 

De Concert hunn ech einfach super fonnt. Ech fannen och, dass ech net ganz vill Fehler gespillt hunn. Wat mer awer net esou gutt gefall huet, war de Sall, deen ech ze kleng fonnt hunn.
 

Du hues d’iPhone App vun der Harmonie Municipale Déifferdeng gemaach. Ween huet dir bäibruecht, wéi een dat mécht a wéi laang brauch een iwwerhaapt, fir esou eng App ze maachen?
 

Ech hu mer selwer bäibruecht, wéi een sou eng App mécht, an ech hunn ee Mount gebraucht fir d’Programméiersprooch Objective – C ze verstoen. Wann ech géing e ganzen Dag un engem Projet schaffen, da wier ech fäerdech, wann et net ze schwéier oder ze grouss ass. Bei der HMD App hunn ech zum Beispill zesumme gerechent ongeféier zwee Deeg gebraucht.
 

Ass daat déi eenzeg App, déi s du bis elo gemaach hues oder fënnt een der nach méi vun dir um App Store?
 

Um App Store fënnt een nach 3 aner Apps vu mer, zwou dovunner si Spiller. Nieft der HMD App gëtt et nach eng aner, déi heescht Luxembourg Pro (fir déi wou sech meng Apps ugekuckt hunn, Luxembourg Pro huet eng Kéier Luxembourg geheescht). Am Ganze sinn et also 4 Apps.
 

A fir ofzeschléissen, kanns du de Leit, déi eis liesen nach eppes mat op de Wee ginn?
 

Wann der mat iergendeppes ufängt, da fängt et richteg un.

 

Cliquez ici pour lire d'autres interviews
 

Recherche

Devenir membre

Si vous jouez d'un instrument à vent ou à percussion, rejoignez l'Harmonie Municipale Differdange ou l'Harmonie des jeunes Prince Guillaume. Vous trouvez les horaires des répétitions ci-dessous.

Si vous ne jouez pas encore d'un instrument, inscrivez-vous à l'école de musique de la ville de Differdange. Pour plus d'informations, cliquez ici.

Si vous avez des questions, n'hésitez pas à nous contacter en cliquant ici.

Horaires des répétitions

Harmonie Prince Guillaume:

Vendredi de 18h45 à 19h45

Harmonie Municipale Differdange:

Vendredi de 20h00 à 22h00

Affiche Live am Park 2012

Affiche-Live-am-Park-2012-small

Réseaux sociaux

Visiteurs depuis 17/02/2009

Total Aujourd'hui0
Total Mois99
Total7726

Agenda

                                                                                                 

Photos Concert du Nouvel An 2012

HMD_Nouvel_An_01 HMD_Nouvel_An_02 HMD_Nouvel_An_03 HMD_Nouvel_An_04 HMD_Nouvel_An_05 HMD_Nouvel_An_06 HMD_Nouvel_An_07 HMD_Nouvel_An_08 HMD_Nouvel_An_09 HMD_Nouvel_An_10 HMD_Nouvel_An_11 HMD_Nouvel_An_12 HMD_Nouvel_An_13 HMD_Nouvel_An_14 HMD_Nouvel_An_15 HMD_Nouvel_An_16 HMD_Nouvel_An_17 HMD_Nouvel_An_18 HMD_Nouvel_An_19 HMD_Nouvel_An_20 HMD_Nouvel_An_21 HMD_Nouvel_An_22 HMD_Nouvel_An_23 HMD_Nouvel_An_24 HMD_Nouvel_An_25 HMD_Nouvel_An_26 HMD_Nouvel_An_27 HMD_Nouvel_An_28 HMD_Nouvel_An_29 HMD_Nouvel_An_30 HMD_Nouvel_An_31 HMD_Nouvel_An_32 HMD_Nouvel_An_33 HMD_Nouvel_An_34 HMD_Nouvel_An_35 HMD_Nouvel_An_36 HMD_Nouvel_An_37 HMD_Nouvel_An_39 HMD_Nouvel_An_40 HMD_Nouvel_An_41 HMD_Nouvel_An_43 HMD_Nouvel_An_44 HMD_Nouvel_An_45 HMD_Nouvel_An_46 HMD_Nouvel_An_47 HMD_Nouvel_An_48 HMD_Nouvel_An_49 HMD_Nouvel_An_50 HMD_Nouvel_An_51 HMD_Nouvel_An_52 HMD_Nouvel_An_53 HMD_Nouvel_An_54 HMD_Nouvel_An_55 HMD_Nouvel_An_56 HMD_Nouvel_An_57 HMD_Nouvel_An_58 HMD_Nouvel_An_59 HMD_Nouvel_An_60 HMD_Nouvel_An_61 HMD_Nouvel_An_62 HMD_Nouvel_An_63 HMD_Nouvel_An_64 HMD_Nouvel_An_65 HMD_Nouvel_An_66 HMD_Nouvel_An_67 HMD_Nouvel_An_68 HMD_Nouvel_An_69 HMD_Nouvel_An_70